www.startin.lu/lu

D’sozial Verantwortung bei BGL BNP Paribas
„Sozial Verantwortung vun den Entreprisen“, wat ass dat eigentlech?

Et ass d’Bestriewen, eng gerecht, liewenswäert, drobar, an domat fir all Mënsch nohalteg Strategie a Funktiounsweis ëmzesetzen. Dofir mussen all eis Missiounen e beschtméiglecht Gläichgewiicht tëscht dräi Pilieren halen:

Sozial: déi sozial Konsequenze vun der Aktivitéit vun der Entreprise op hiert ganzt Ëmfeld: Salariéen, Fournisseuren, Clienten, lokal Communautéiten an d’Zivilgesellschaft.

Ëmweltbewosst: Kompatibilitéit vun der Aktivitéit vun der Entreprise an der Preservatioun vun den Ökosystemer, Analys vum Impakt vun der Entreprise an hire Produkter a puncto Consommatioun vu Ressourcen, Offallproductioun, Schuedstoffemissiounen…

Wirtschaftlech: Kapazitéit, fir zu der wirtschaftlecher Entwécklung vun dem Gebitt, op deem d’Entreprise niddergelooss ass, an deem vun hire Parties prenantes bäizedroen, Anhale vun de Grondsätz vum faire Wettbewerb (keng Korruptioun, Ofsproochen, dominant Positioun…).

ËMWELT

liewenswäert – drobar

NOHALTEG

SOZIAL

Gerecht

Wirtschaft

Firwat ass sozial Verantwortung fir eis esou wichteg?

Als zweetgréisste privaten Employeur a Leader a ville Beräicher vum Lëtzebuerger Finanzsecteur muss BGL BNP Paribas d’Roll vun enger virbildlecher a responsabeler Entreprise iwwerhuelen, fir datt d’Generatioune vun haut a vu muer hir Besoinen erfëlle kënnen.

Fir eng Entreprise, déi iwwer 200.000 Mataarbechter op der ganzer Welt beschäftegt a Verbindunge mat Millioune vu Clienten, Partner a Geschäftsrelatiounen huet, ass d’Engagement am Beräich vum Sozialen, vun der Ëmwelt an der Wirtschaft vun immenser Bedeitung.

Wat gouf schonn ëmgesat?

Fir dës Noutwendegkeet, déi fir all Mënsch gëllt, ze förderen a weiderzeentwéckelen, huet de Grupp eng global Demarche am Beräich vun der sozialer Verantwortung, der nohalteger Entwécklung, der Mikrofinanz, der Philantropie an dem Mäzenat entwéckelt, déi souwuel no bannen wéi och no bausse spillt.

Um soziale Niveau:

De Rapprochement tëscht BGL a BNP Paribas konnt ouni Entloossunge realiséiert ginn an 2010 huet BGL BNP Paribas trotz schwiereger Konjunktur 62 nei Mataarbechter agestallt.

D’Promotioun vun der Diversitéit: 29 Nationaliéite sinn an der Bank vertrueden.

D’harmonesch Kombinatioun vu Privat- a Beruffsliewen: D’Kanner vun de Mataarbechter ginn an enger Crèche opgeholl an de Fitness-Center um Siège vun der Bank bitt Turncoursen un.

En offenen Dialog tëscht de Mataarbechter: Et si vill Accord-d’entreprisë vum Grupp a Frankräich, an Italien, an der Belsch an zu Lëtzebuerg ënnerschriwwe ginn, zum Beispill am Beräich vun der Aarbechtsgestioun, der Participatioun an der Bedeelegung, de Spuerpläng fir Mataarbechter.

D’Begleedung vun de Mataarbechter bei hiren Engagementer fir Matbierger: mam Programm Coup de Pouce gi Mataarbechter ënnerstëtzt, déi sech aktiv a perséinlech fir wueltäteg Zwecker engagéieren.

D’Philanthropie: D’Entitéit BNP Paribas Corporate Philanthropy koordinéiert d’Mäzenats-Programmer, die iwwerall op der Welt a fënnef verschiddene Schlësselberäicher duerchgefouert ginn: Solidaritéit, Kultur, Educatioun, medezinesch Fuerschung an Ëmwelt.

Um Niveau vun der Ëmwelt:

Gebai an Equipementer: Beim Bau vum Siège vu BGL BNP Paribas ass haaptsächlech recycléierbart Material zum Asaz komm.

Limitatioun vun energieverbrauchenden Trajeten: Mir hunn 2010 eng Vel’oh-Statioun „BGL BNP Paribas Kirchberg“ finanzéiert an ageriicht a mir rembourséieren d’Transportkäschte vun den Employéen, déi den ëffentlechen Transport benotzen.

Entwécklung vum Green IT: Mam Programm Night WatchMan (oder WakeonLan) kënnen all informatesch Poste vun deem selwechte Site aus der Distanz un- an ausgemaach ginn.

Um wirtschaftlechen Niveau:

Ënnerstëtzung vu Mikrofinanz-Institutiounen an den Entwécklungslänner.

Ënnerstëtzung vun de benodeelegte Bevëlkerungsgruppen, duerch Investitiounen a sozial Strukturen, déi den Zougang zu Aarbecht, Fleeg, Energie, Educatioun, Ernährung an Transportservicer erliichtere fir Leit, déi sech um Rand vun den traditionelle wirtschaftleche Circuite bewegen.

Zu Lëtzebuerg huet BGL BNP Paribas am Abrëll 2010 e speziellt Departement ageriicht, dat all d’sozialverantwortlech Aktivitéiten vun hire Metieren am sozialen, wirtschaftlechen an Ëmweltberäich koordinéiert.

Si ass déi éischt grouss Geschäftsbank vun der Plaz, déi de Label sozialverantwortlech Entreprise kritt huet. Dëse Label ass vum Institut National pour le Développement Durable et la Responsabilité Sociale des Entreprises (INDR), op Initiativ vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL) an d’Liewe geruff ginn.

Méi Informatioune fannt Dir an eiser broschür.

De Rekrutement vun der Generatioun Y
Beim Rekrutement vun deene jonke Generatioune ginn et vill virgefaasste Meenungen. Wat denken d’Rekruteuren zu deem Thema? Wéi soll ee mat dësem Bild ëmgoen, wann een op der Sich no enger Aarbecht ass? Hei fannt Dir wichteg Informatiounen, wéi Dir verschidde Falen evitéiert a besser Chancen hutt, en Deckel fir op Äert Dëppen ze fannen  .

D’„Generatioun Y“, wat ass dat iwwerhaapt?

D’Generatioun Y, e westlecht Konzept, bezeechent allgemeng Persounen, déi tëscht 1970 an dem Ufank vum 21. Joerhonnert gebuer sinn.

Si ginn och nach heiansdo „Yers“, „d’Kanner vum Joerdausend“, oder d’“Digital Natives“ (déi mat der digitaler Welt opgewuess sinn) genannt.

Wat dës Generatioun vun deene viregten ënnerscheet, ass haaptsächlech d’Tatsaach, datt si zesumme mam Developpement vum Internet grouss ginn ass, datt si zënter der Jugend mat de klimatesche Menacen, Liewensmëttelskandaler oder och nach der Globaliséierung vun der Economie konfrontéiert ass.

Et ass och eng Generatioun, déi un d’Hoffnung op enger besser Welt gleeft, well si déi technologesch Moyenen an der Hand huet, fir d’Regele vun deene gréissten Institutiounen op der Welt ze änneren. D’Kanner vum neie Joerdausend kënnen effektiv hire Standpunkt duerchsetzen a verfügen iwwer d’Waff vun der Massekommunikatioun.

Kuerz gesot, et ass eng Generatioun, déi d’Ausdrocksfräiheet, d’Onofhängekeet an d’Autonomie verherrlecht an déi alles nei a Fro stellt.

De Standpunkt vun de Rekruteuren:

D’Rekruteure kennen d’Talenter vun der Generatioun Y: Schnellegkeet, kompetenten Ëmgang mat den neien Technologien, Kreativitéit, Hyper-Connectivitéit iwwer déi digital Apparater… Awer trotz dësen Atoute schéngt et, wéi wann de Ruff vun den „Digital Natives“ am Netz net deen allerbeschte wier, an dat besonnesch an der Welt vun de Rekruteuren:

„Onberechenbar“, well net seele wiesselen déi Jonk d’Entreprise dräi Mol innerhalb vu 5-6 Joer (mä hu si wierklech ëmmer de Choix?)

„Exigent“, well si wëlle séier Verantwortung iwwerdroe kréien, flexibel sinn um Niveau vun den Horairen, an dofir awer och ausserhalb vun der Aarbechtszäit connectéiert an erreechbar sinn

„Geféierlech“, well si kënnen d’Beruffsgeheimnis vun enger Entreprise séier a wäit verbreeden, wann dat wat geschitt net mat hiere Wäerter iwwerteneestëmmt.

Kuerz gesot, fir déi meeschte Rekruteuren ass dës Generatioun schwéier ze geréieren.

Wann ee gleeft, wat am Netz gezielt gëtt, dann hutt Dir de Pouvoir um Aarbechtsmaart.

De Rekrutement vun der Generatioun Y an Zuelen

A Wierklechkeet sinn „d’Kanner vum Joerdausend“, déi Pouvoir besëtzen, éischter rar. D’Demande ass vill méi grouss wéi d’Offer. Déi Jonk sinn déi éischt Affer vun der Kris an Europa, wat de Chômage ubelaangt. 23,5 % vun de Jonken an der Europäescher Unioun sinn op der Sich no enger Aarbecht.

Och wann en ënnert der Moyenne läit, dësen Taux ass och zu Lëtzebuerg an d’Luucht gaangen a betrëfft elo 18,6 % vun den ënner 25-Järegen!

Wat Dir maache kënnt:

D’Kris ass en evidente Vecteur fir de Chômage, a wann dobäi nach dat negativt Bild vun de Rekruteure kënnt, da wierkt dat sech net onbedéngt gutt op d’Zuelen aus.

Dir hutt sécherlech keen direkten Afloss op d’Kris, dir kënnt wuel awer eppes ënnerhuelen, fir d’Meenung vun de Rekruteuren ze veränneren.

Während dem Astellungsgespréich:

Beweist de Rekruteuren, datt hir Meenungen op ville Virurteeler berouen. A wann et keng Virurteeler sinn, wat Iech ubelaangt, dann ënnersträicht d’Virdeeler vun dëse Charakterzich.

Weist Är Stäerkten! Hei geet et ëm d’Mentalitéit, ëm d’Capacitéit, e puer Saache gläichzäiteg ze maachen (zum Beispill: Facebook an Twitter gläichzäiteg mat Ären Aufgaben oder Ärer Aarbecht…), Schnellegkeet an eng intuitiv Manéier, fir d’Welt ze gesinn, egal a wéi engem Secteur Dir postuléiert.

Am Netz:

Benotzt Är Waff vun der Massekommunikatioun, fir Är E-Reputatioun genee wéi eng Mark ze fleegen! Wann Dir e Blog hutt, schreift en Artikel iwwer d’Virdeeler vum Rekrutement vun der Generatioun Y, verbreet en iwwer Är Reseauen oder deelt einfach dësen Artikel, wann dat Iech interesséiert  .

D’Meenung vun de Rekruteuren ass keng fix Iddi, si ka geännert ginn. Elo ass et un Iech, fir aktiv ze ginn, well Dir hutt et an der Hand, fir d’Generatioun Y an Evidenz ze setzen an de Chômage-Taux – hoffentlech – erofzesetzen!

Foto ënnert der Liuzenz vun: Creative Commons

School’s Cup 2013
Am Kader vum “Schools’ Cup 2013” huet Startin’ vun BGL BNP Paribas eng Equipe vun “Kolléisch on Sea” gesponsert. Eis Gratulatioun fir eng genial 4. Plaatz an e grousse Merci un d’Caroline Lemmer an d’ganz Equipe fir dat si eis de Compte Rendu, d’Video an d’Photoen zur Verfügung gestallt hunn :-)

“Eise Projet ass vum 23. bis den 28. März am Mier virun der Insel Porquerolles an der Küst vun Toulon gelaf.

Ugefangen huet d’Aventure mat enger laanger Busrees an der Nuecht. Duerno, wou eis Equipe zu Port Pin Rolland ukomm ass, hu mir eis um Boot Carpe Diem, wat mat enger Längt vun ongeféier 11 Meter relativ kleng ass fir en Equipage vun 8 Leit, installéiert. Beim Dîner d’ouverture am Haferestaurant hate mir d’Geleeënheet, déi aner Participantë kennenzeléieren. Um Enn vum Owend war all Mënsch frou, a senger Kabinn um Boot kënnen an d’Bett ze goen.

Den Dag drop war den éischten Depart vun deenen 9 Booter e bësse chaotesch an dräi Booter sinn direkt fir dës éischt Course disqualifizéiert ginn. De Rescht ass gutt iwwer d’Bühn gaangen, mä wéint deem ze vill staarke Wand ass déi zweet Course vum Dag annulléiert ginn.

Méindes si mer vum Wieder mat engem bloen Himmel an engem zimlech staarke Wand verwinnt ginn. Insgesamt si mir eng gutt Course gefuer, mä leider si mir kuerz no der Arrivée mat engem vun deenen anere Booter zesummegeknuppt. Mir sinn duerfir erëm a Richtung Hafe gefuer, fir d’Schied um Boot feststellen ze loossen. Glécklecherweis waren et keng allze schlëmm Schied. Nodeems d’Decisioun gefall war, datt deen Dag keng aner Course méi géing gefuer ginn, hu mir decidéiert, nach e bëssen erauszefueren, fir vum Wand ze profitéieren. Owes hu mir en Ofstiecher an den Hafe vu Porquerolles gemaach.

Dënschdes war d’Wieder nach besser wéi den Dag virdrun. Fir déi éischt Course mueres war de Wand ideal. Mir haten eng wonnerbar Vue op d’Insele vun Hyères. Dës éischt Course ass gutt gelaf, mä déi zweet Course vum Dag war e richtegen Challenge, net nëmme fir eis mä – wéint sengem Alter a senger Gréisst – och fir eist Boot. D’Wandstäerkt war op eemol bis op 8 op der Beaufort-Skala geklomm! Mir hu laang Zäit gebraucht, fir iwwer d’Ligne d’arrivée ze kommen.

Mëttwochs, un eisem leschten Navigatiounsdag, stoung eng speziell Course um Programm. Et goung drëm, esou spéit wéi méiglech fortzefueren, awer just viru Schluss iwwer d’Zillinn ze fueren. Mir hunn d’Leeschtunge vun eisem Boot an deene leschten Deeg berücksichtegt an zwee vun eise Coequipieren hunn déi richteg Berechnunge gemaach, sou dass mir et bei dëser Course op déi zweete Plaz gepackt hunn.

Owes, nodeems mir virdrun d’Boot geraumt, gebotzt an erëm ofginn haten, hu mir eis all am Restaurant zu Port Pin Rolland getraff. Beim Ofschlossiesse goufe mir als drëtt am Gesamtklassement proklaméiert, a mir ware richteg stolz dorop.

Leider hunn zwou Wochen no eisem Retour op Lëtzebuerg nei Berechnungen de Palmarès erëm op d’Kopp gehäit an eis op déi véierte Plaz verdriwwen.

Dat ass awer net schlëmm! Dës véier Deeg waren eng formidabel Erfahrung fir eis ganz Equipe, souwuel op sportlechem Plang wéi och wat d’mënschlech Relatiounen ugeet, a mir si prett, fir d’nächst Joer erëm matzemaachen.”

4 gutt Grënn fir Är eegen Entreprise ze grënnen
An Ärem Kapp geeschteren oft vill gutt Grënn, fir NET Är eegen Entreprise ze grënnen. Kee regelméissegt Akommes, en Desequiliber tëscht dem Sozialliewen an Ärem Beruffsliewen, méiglech Risiken, …

Hei fannt Dir Argumenter, déi fir d’Selbststännegkeet schwätzen anwahrscheinlech Är Meenung änneren dinn

Firwat zécke mir esou, fir eng eegen Entreprise ze grënnen?

E Salarié weess méi oder wéineger, wat e muer mécht, en huet vill Repèren: e Planning, Horairen an eng fest Pai. Mat anere Wierder, dës Liewensëmstänn schafen eng gewësse Sécherheet a suerge fir e Liewen ouni gréisser – gutt oder schlecht – Iwwerraschungen.

Am Entrepreneur senger Carrière ass dogéint näischt am Viraus bekannt, en huet keng richteg Stäipen, ofgesinn dovun, datt hien d’Konjunktur beobacht a seng eege Schlussfolgerungen doraus zitt. Déi meeschte grouss Decisioune muss hie selwer huelen, a si kënne wichteg Konsequenzen hunn: Auswierkungen op d’Erzéiung vun de Kanner, d’Liewe vun der Koppel oder de Frëndeskrees, well ëmmer méi ze dinn ass, méi Responsabilitéiten entstinn a Feeler sech direkt um Aarbechtsplaz bemierkbar maachen.

Hautdesdaags sinn ëmmer manner Jonker bereet, sech als Entreprener ze lancéieren. Dem Paperjam no „gëllen d’Entrepreneren effektiv net méi als gutt Beispiller fir déi Jonk, mä si hunn oft e schlechte Ruff, ginn ugeprangert an erofgemaach. Zënter gutt zwanzeg Joer scho decidéieren ëmmer manner jonk Leit, sech ze lancéieren […] E Problem, deem vill jonk Entrepreneren och begéinen ass dee vum Finanzement“.

Dat ass vläicht normal, sot Dir, besonnesch a Krisenzäiten huet een dach éischter d’Tendenz, sech ze protegéieren. Jo gutt, mä wéi laang an zu wéi engem Präis?

Firwat seng eegen Entreprise grënnen?

Vläicht deet et Iech Äert ganzt Liewe laang leed, datt Dir net Ären eegene Betrib grënne konnt. Et hätt Iech nämlech Folgendes erlaabt:

1) Fir Iech selwer schaffen: Maacht aus Ärer Aarbecht en Engagement fir d’Welt ze änneren

Dir géift gär no Äre Prinzipien handelen, sidd awer séier decouragéiert, well d’Medien e groussen Tamtam maachen iwwer Theme wéi Verontreiung vu Gelder, feelend Transparenz, Lobbying […] an dat souguer a Betriber, déi fir hir „Ethik“ unerkannt sinn.

Wann Dir Är eegen Entreprise gegrënnt hutt, stitt Dir mueres mat enger ganz anerer Loscht op, well Dir handelt fir e gewëssen Zweck, nämlech Ären eegenen. Dir kënnt d’Welt op Är eege Manéier gestalten an Dir gitt domat Ärem Liewen op eng gewësse Manéier en neie Sënn. Dir kritt näischt virgeschriwwen an Dir schafft am Aklang mat Ärer richteger Perséinlechkeet. Dir kënnt Iech verwierklechen an dat erfëllt Iech mat engem Gefill vu Stolz.

2) Fir anerer schaffen: Gitt Äert Bescht, fir datt anerer sech verwierkleche kënnen

Als Entrepreneur kënnt Dir och anere Leit, déi Är Prinzipien a Passioune mat Iech deelen, d’Méiglechkeet ginn, an engem Ëmfeld ze schaffen, wou Leeschtung a Selbstverwierklechung gefördert ginn.

3) Spueren an der Geschicht hannerloossen

Egal ob Är Entreprise en Erfolleg gëtt oder net, Dir hutt op alle Fall probéiert, eppes ze maache fir „d’Saachen un d’Rullen ze bréngen“.

Ob an der Politik oder am Business, d’Leit un déi mir eis erënneren, sinn déi, déi hir eege Wäerter respektéiert a weidervermëttelt hunn: d’Helen Adams Keller ass daf a blann a setzt sech nawell fir de Kampf géint d’Ënnerernährung an der Welt an, de Richard Branson, dee bekannt ass fir säi Kampf fir d’Ecologie, a viru Kuerzem ganz no bei eis, de Jacques Benoît, den Entrepreneur, deen sech vu sengen eegenen Employéë wiele gelooss huet.

Och wann Är Geschicht net um nationalen oder internationale Plang bekannt gëtt, Är Frënn a Famill wäerten se kennen an Äert Beispill imitéieren  .

4) Distanz kréien

Am Géigesaz zu engem klasseschen Employé hutt Dir vill méi global Kenntnesser, d. h. virun allem Informatiounen iwwer d’Auswierkunge vun enger Decisioun op déi eenzel Piliere vun der Entreprise an engem bestëmmte Kontext. Dir hutt den Iwwerbléck iwwer d’Politik vun der Entreprise an iwwer d’strategesch Linnen.

Firwat zu Lëtzebuerg e Betrib grënnen?

Lëtzebuerg ass eng ideal Plaz, fir eng Entreprise ze grënnen! Mä firwat?

- Diversitéit an den Equippen: D’Bevëlkerung zu Lëtzebuerg ass fir hir Internationalitéit bekannt. Bal 45% vun den Awunner sinn Auslänner an déi meeschte kënne perfekt an e puer Sprooche kommunizéieren (englesch, franséisch, däitsch, hollännesch…).

- D’geografesch Lag: Büroe mat enger Gesamtfläch vun 350 m2 nëmmen 10 Minutte vum Zentrum ewech, am Häerz vun Europa, zwou Stonne vun de gréissten Haaptstied ewech (Paräis, London, Bréissel, Berlin…).

- Eng reduzéiert TVA op ville Produiten (déi meeschten Textilien, Konschtwierker, d’Coiffure, Blummen,…).

Wéi leet ee sech un?

Zu Lëtzebuerg ginn et vill Organismen, déi Iech bei der Creatioun vun Ärer Entreprise hëllefe kënnen!

Fir d’alleréischt emol De Guichet Entreprises fir all Informatiounen iwwert den Ufank vun engem Betrib: d’Autorisation d’établissement, d’Grënnung an den Enregistrement vun der Entreprise, d’juristesch Form vun der Entreprise an déi éischt Deklaratioune beim Steieramt.

MyStart ass eng Plattform, déi Iech et erlaabt, Iech op déi wichtegst Saachen ze konzentréieren: dësen Organismus bitt Ënnerstëtzung bei der Konzeptioun vu Businesspläng a bei den administrative Prozeduren.

Fir eng Geschäfts- oder Déngschtleeschtungsaktivitéit kritt Dir am Espace Entreprise an der Chambre de Commerce vu Lëtzebuerg gratis Berodung an Ënnerstëtzung am Beräich vum Droit d’établissement, dem Wettbewerbsrecht, dem Steierwiesen, asw.

A fir d’Creatioun vun enger innovativer Entreprise bitt d’Agence Luxinnovation vill gutt Rotschléi, wann et ëm déi gëeegent Raimlechkeeten oder och nach ëm d’Sich vu Partnere geet.

Mir hunn hei net all d’Organismen opgezielt, mä et ginn zu Lëtzebuerg wierklech eng helle Wull vu Servicer, déi do sinn, fir Iech ze hëllefen!

Am Resumé kann ee soen, datt d’Grënnung vun enger eegener Entreprise sécherlech vill Affer bedeit, well Dir bestëmmt mengt, där Saach net gewuess ze sinn. Es ass awer interessant ze wëssen, datt ëmmer méi Frae sech fir d’Creatioun vun engem Betrib interesséieren, datt si dës Erausfuerderung unhuelen an datt et vill Plaze ginn, déi Iech hëllefe kënnen   !

Foto ënnert der Lizenz vun: Creative Commons

Quellen:

Guilhem Bertolet

Montersonbusiness

Entreprendre la liberté

Luxembourg Public

D’Gefore vun de sozialen Netzwierker op der Aarbecht
Den Anthony Weimer, Member vun der demokratescher Partei an Amerika, d’Ashley Payne, Léierin aus dem Staat Georgia, an zwee Employeë vun Domino’s Pizza si bei Wäitem net déi eenzeg, déi streng bestrooft gi sinn, nodeems si déi sozial Netzwierker op eng onerlaabte Manéier benotzt hunn.

Enger Enquête vun DLA Piper (eng bekannte weltwäit Affekoten-Etude) no, déi sech op 250 Cadres supérieurs bezitt, hunn 30% vun den Entreprisen, an deenen déi beschäftegt sinn, Moossnamen ergraff, well d’Mataarbechter dës Medie privat op hirer Aarbechtsplaz benotzt hunn.

Wéi eng Risike gitt Dir an? Wat seet d’Gesetz? Wourop muss een oppassen?

Dësen Artikel weist, wou ee virsiichteg muss sinn, wann een dës Plattforme fir sozial Interaktioun benotzt.

Wat riskéiert Dir?

Entreprisen ergräifen haaptsächlech Moossnamen (Kënnegung, Avertissement…) wann et ëm Belästegung, Diskriminatioun, Diffusioun vu vertraulechen Informatiounen oder Schiedegung vum gudde Ruff vun enger Mark geet.

Hutt Dir nach ni penibel Fotoe vun Äre Frënn op Facebook gesinn?

Hutt Dir nach ni iwwer aner Persounen a „verstoppten“ Gespréicher geschwat?

Vill Firmae verbidde ganz einfach den Accès op d’sozial Netzwierker, fir net un Efficacitéit ze verléieren, well dës Outile ganz liicht süchteg maachen.

Eng Etude vum Wilhem Hofmann, Member vun der Uni vun Chicago, beweist, datt Facebook an Twitter méi süchteg maache wéi Zigaretten oder Alkohol! A laut enger Enquête vum Cabinet Morse bei 1460 Employéë benotze méi wéi d’Halschent vun hinnen (57%) d’sozial Netzwierker während hirer Aarbechtszäit fir privat Zwecker. Dës Outilen hunn also däitlech Auswierkungen op d’Produktivitéit vun den Employéen.

An dat Schlëmmst ass, datt déi meescht Mataarbechter net wëssen, datt hire Betrib d’Recht an d’Méiglechkeet huet, d’Informatiounen, déi virtuell verbreet ginn, ze observéieren. Der Enquête vun DLA Piper no betrëfft dat 21% vun den Employéen.

Firwat ginn dës Risiken duerch déi sozial Netzwierker nach verstäerkt?

Einfach dofir, well et vill méi einfach ass, sech an d’Privatliewe vun de Kollegen anzemëschen, Informatioune schnell auszetauschen an dobäi e grousse Public ze erreechen.

D’Reseaue ginn Ärem Sozialliewen e gewësse Glanz a verleeden heiansdo dozou, Persounen oder Entreprisen erofzemaache fir sech selwer „wichteg ze maachen“.

D’Bedeelegung un enger Diskussioun ass och e gutt Mëttel fir sech enger Grupp unzeschléissen, an dat ass, wéi mer wëssen, e primäre Besoin vun der berühmter Pyramid vum Maslow.

Firwat verroden Employéen iwwerhaapt vertraulech Informatiounen?

Déi éischt, méi allgemeng Méiglechkeet ass déi, datt si d’Grenze vun der Confidentialitéit net onbedéngt kennen. Wann een zum Beispill weess, datt eng Firma Palmenuelech bei Iesswuere benotzt, gëtt dat vum Employé net onbedéngt als „Geheimnis“ ugesinn.

En zweete méigleche Grond ass deen, datt den Employé déi Donnéeë benotzt, fir vläicht méi en interessanten Job bei der Konkurrenz ze kréien.

An en drëtten, méi rare Grond ass d’Absicht, en „bad Buzz“ ze schafen: eng geféierlech Waff fir eng Entreprise no enger Kënnegung oder Konflikter ze denoncéieren.

Wat seet d‘Gesetz?

Nieft der interner Politik vun all Entreprise an den allgemengen Utilisatiounsbedéngunge vu Facebook gëlle fir d’sozial Netzwierker natierlech och nach déi „klassesch“ Gesetzer, besonnesch déi iwwert d‘Protectioun vun de perséinlechen Donnéeën, de Schutz vum Privatliewen, d’Ausdrocksfräiheet an d’Loyalitéitsverflichtung.

Mee am Géigesaz zum richtege Liewen hannerloossen déi sozial Netzwierker, an den Internet am Allgemengen, ëmmer Spueren, an näischt gëtt fir ëmmer geläscht…

Wat mécht d‘Entreprise?

Wéi uewe schonn erkläert wëssen déi mannst Employéen, datt hir Entreprise si observéiert. Dës Observatioun verstäerkt sech iwwregens ëmmer méi: Tëschent 2011 an 2012 ass d’Zuel vun den Employeuren, déi d’Benotze vun dëse Siten iwwerwaachen, vu 27% op 36% geklommen.

Wéi wäit kann déi Iwwerwaachung goen?

„D’Iwwerwaachung kann op kee Fall iwwer dat erausgoen, wat fir de Schutz vun den Interessie vun der Entreprise néideg ass“, insistéiert Proskauer, eng vun de gréissten amerikaneschen Affekoten-Etuden.

„Si kann nëmme vu speziell bestëmmte Mataarbechter duerchgefouert ginn, déi eng adequat Formatioun kritt hunn an doduerch verstinn, a wéi enge Limitten d’Iwwerwaachung erlaabt ass an déi d’national Exigenze beim Schutz vum Privatliewen, einschliisslech der Sécherheet an der Vertraulechkeet beim Stockage a beim Transfert vu perséinlechen Donnéeën, respektéieren.“

Nieft der Iwwerwaachung hunn d’Employeuren och d’Méiglechkeet, den Inhalt an den Zougang zu Browseren, sozialen Netzwierker a Messageries-Servicer ze filteren, a schwaarz Lëschte vu verbuedenen Internet-Adressen a Schlësselwierder opzestellen…

Op wat muss een also oppassen?

Wann Dir d’Chance hutt, op Ärer Aarbechtsplaz Zougang zu de sozialen Netzwierker ze hunn, da leet Iech am beschten e professionellen Account (mat engem anere Passwuert) un a benotzt dësen nëmme fir berufflech Zwecker.

Haalt Iech ganz genee un d’Legislatioun, déi um Internet fir déi sozial Reseaue gëllt (Jurispedia – régime juridique applicable aux réseaux sociaux (FR)).

Ännert d’Parametere vun Äre perséinlechen Accounten (blockéiert zum Beispill d’Publikatioun vun anere Persounen an Ärem Facebook-Journal) fir ze verhënneren, datt Är Säit während den Aarbechtszäiten iwwerwaacht gëtt.

Denkt un d’Konsequenze vun Äre Reaktiounen a Publikatiounen um Web, souguer ausserhalb vun Ärem Büro. Dir sollt och an Ärem Privatliewen eng gewëssen Ethik respektéieren.

An zu gudder Lescht, informéiert Iech och iwwer d’Informatik-Charta vun Ärem Betrib! (Laut der Enquête vun DLA Piper kenne 14% vun den Employéën d’Regele vun hirer Entreprise fir d’Benotze vun de sozialen Netzwierker net).

Mir hoffen, datt Dir an dësem Artikel méi iwwer d’Gefore vun dëse Outile fir sozial Interaktioun an iwwer de richtege Gebrauch vun dësen Outile gewuer gi sidd;-)

Foto ënnert der Lizenz vun: Creative Commons

Quellen:

Comment ça marche

Psycho et bien être

Le journal du net

BGL BNP Paribas invitéiert an d’Summer School 2013!
Wéinst engem technesche Problem sinn e puer Kandidaturen, déi tëscht dem 16. an dem 26. Abrëll agereecht goufen, net bei eis ukomm.

Mir bieden Iech, Är Kandidatur nach eng Kéier mat Hëllef vum folgende Formulaire ze stellen. Wann Dir d’Kandidatur fortgeschéckt hutt, muss eng Confirmatioun um Schierm ugewise ginn. Wann Dir nach Froen hutt, kënnt Dir eis direkt op folgender Adress kontaktéieren: Summer School.

Vum 15. bis de 26. Juli 2013

Du hues tëschent 16 an 18 Joer a stells dir Froen iwwert deng Orientatioun an deng Zukunft? Et ass net ëmmer einfach, säi Wee ze fannen…

D’Summer School vu BGL BNP Paribas ass do fir dir ze hëllefen!

D’Summer School 2013 proposéiert dir:

Originell Iwwerleeungen iwwert deng Zukunft,

Iwwerbléck iwwert déi vill Carrière- a Beruffsméiglechkeeten, déi et fir dech ginn,

praktesch Atelieren,

sportlech a spilleresch Aktivitéiten.

Nom grousse Succès vun 2012 – 22 Lycéesschüler hu matgemaach – ginn dëst Joer gläich 2 Sessioune vum 15. bis de 26. Juli 2013 organiséiert:

eng Lëtzebuerger Klass,

eng international Klass.

Während deenen 2 Woche begéins du innovativ Entrepreneuren, Leeschtungssportler, Handwierker, a vill aner Professioneller, déi originell Weeër ageschloen hunn – si all kommen Iech vun hirer Passioun erzielen an hu virun allem ee wichtege Message: maacht et mat Begeeschterung, an maacht et gutt!

Eng Orientatiounsberoderin mat vill Erfarung ass och derbäi, fir dir ze hëllefen, deng Interessien a Fäegkeete besser ze definéieren an doduerch erauszefannen, wéi eng Studien, respektiv Beruffer dobäi passen.

Donieft ginn och Atelieren organiséiert (Self Defense, Public Speaking an nach vill anerer!), grad ewéi zwee outdoor-Deeg an Team-building-Exercicen.

Eist Zil: dir Loscht ze maachen, fir eppes ze ënnerhuelen an aktiv iwwert deng Zukunft nozedenken!

Wann s du deng Zukunft an d’Hand huele wëlls, dann zéck net fir eis deng Kandidatur  hei online virum 31. Mee 2013 eranzeschécken!

Kontrolléier hei w.e.g., ob s du matmaache kanns: Participatiounsbedéngungen.

Fir all weider Froen: Kontact

Méi doriwwer: Summer School

De Repertoire vun de Bibliothéiken an der Groussregioun
Informatioune fannen, fir aus der Mass erauszestiechen, Äre Mémoire schreiwen oder Är Dissertatioun opwäerten… Wat och ëmmer äre perséinleche Grond ass, et ass net ëmmer einfach, u pertinent an objektiv Informatiounen ze kommen.

Fir Iech Är Recherchen ze vereinfachen, bidde mir Iech hei en Iwwerbléck iwwer spezialiséiert Bibliothéiken, wou Dir a Form vun engem Repertoire déi wichtegst Informatiounen, klasséiert no Spezialgebidder, Länner a Stiet, fannt.

Ier Dir Iech op de Wee an eng Bibliothéik maacht, rode mir Iech, do unzeruffen fir d’Zougangskonditiounen am Detail gewuer ze ginn (gratis, fir de Public op oder net, eventuell Ännerung vun den Ëffnungszäiten…), well d’Reglementatioune vun engem Etablissement zum aneren ännere kënnen. Fir verschidde Privatbibliothéike musst Dir effektiv e Justificatif de recherche virleeën.

Bleiwe mer fir d’éischt emol um lëtzebuerger Territoire, ier mir eis op de Wee a Frankräich, d’Belsch an Däitschland maachen…

LËTZEBUERG

Ënnert de Lëtzebuerger Bibliothéike bidde mir Iech hei eng Selektioun vu Bibliothéiken un, déi op de Lëtzebuerger Patrimoine spezialiséiert sinn oder eng fächeriwwergräifend Offer hunn.

De Lëtzebuerger Patrimoine:

BNL- Lëtzebuerg:

Dës Bibliothéik gouf schonn am Joer 1798 gegrënnt. Si proposéiert e en ale Fong vu Lëtzebuerger Sammlungen an eng Réserve Précieuse (handschrëftlech Dokumenter), wou déi eelste Pièce bis an d’VII. Joerhonnert zeréckgeet.

Si besëtzt och e bedeitende Fong u wëssenschaftleche Bicher a Periodiquen an audiovisuell Dokumenter.

Tel.: (+352) 22 97 55-1

E-Mail-Adress: info@bnl.etat.lu

Praktesch Infoen

Fächeriwwergräifend:

Bibliothéike vun der Lëtzebuerger Universitéit

D’Uni verfügt iwwer verschidde Bibliothéiken, déi no Spezialgebidder klasséiert sinn.

Bibliothéik vum Campus Kierchbierg: Informatik, Mechanik, Bauingenieurwiesen (Génie civil), Elektrotechnik

Tel: (+352) 46 66 44 5307

Bibliothéik vum Campus Lampertsbierg: Droit, Economie, Politik- a Sozialwëssenschaft, Philosophie, Geographie, Geschicht, Sproochen a Literatur, Naturwëssenschaft

Tel: (+352) 46 66 44 6709

Bibliothéik vum Campus Walfer: Sozial- an Erzéiungswëssenschaft, Psychologie, Politikwëssenschaft, Philosophie, Geographie, Geschicht, Sproochen a Literatur

Tel: (+352) 46 66 44 9309

Praktesch Infoen

An elo geet et a Richtung Frankräich! Maacht Iech mat eis op de Wee op Paräis, Stroossbuerg, Montpellier a Metz, a profitéiert dovun, fir e puer Wierker mat wäertvollen Informatiounen opzegräifen…

FRANKRÄICH

Stroossbuerg

Geeschteswëssenschaft:

Bibliothéik fir Psychologie/Erzéiung – Stroossbuerg

D’Bibliothéik vu Stroossbuerg proposéiert Wierker vu virun 1900, mat 27 000 Bänn an ongeféier 900 Thèsen.

Si ass spezialiséiert a Psychologie (Kognitiv Psychologie, Neuropsychologie, Entwécklungspsychologie, Sozialpsychologie, klinesch Psychologie / Psychanalyse) wéi och an Erzéiungswëssenschaft.

Tel: +33(0)3 68 85 19 57

Praktesch Infoen

Droit

Bibliothéik vun der Droits-Fakultéit vu Stroossbuerg

Si besëtzt 35000 Monographien, iwwer 200 verschidde Periodiquen, Thèsen, Pabeieren, juristesch Encyclopedien, Gesetzbicher an offiziell Dokumentatiounen.

Tel.: +33 (0)3 68 85 80 20

Praktesch Infoen

Metz a Muselregioun

Fächeriwwergräifend

Hei eng Suggestioun vun e puer Bibliothéiken, déi zum Reseau vun den Unisbibliothéiken an der Lorraine gehéieren:

Unisbibliothéik Bridoux – Chimie, Wëssenschaft vum Liewen, Filièren STAPS a PACES

Tel: 03 87 37 86 62

Praktesch Infoen

Unisbibliothéik Technopôle – Ingenieurswiesen, Physik, Mathematik, Informatik, Chimie

Tel: 03 87 31 56 56

Praktesch Infoen

Unisbibliothéik Sarreguemines – Droit a Logistik

Tel: 03 87 28 67 82

Praktesch Infoen

Maacht Äre Rucksak gutt zou, fëscht weider no Informatiounen a lass geet et elo a Richtung vun deem kulturell ganz räiche Kinnegräich vun der Belsch!

BELSCH

Léck

Hei fannt Dir eng vollstänneg Lëscht vun alle Bibliothéiken aus der Stad Léck

Tel: 04 221 84 52

Besicht elo mat eis charmant Passagen, mëttelalterlech Stiet, Naturräim an Tierm vu Bicher a Periodiquen… an engem Land, dat fir seng Kreativitéit berühmt ass, nämlech Däitschland;-)

DÄITSCHLAND

Oochen

Bibliothéik vun der Universitéit Oochen

Iwwer 1.200.000 Bicher, ongeféier 4000 Periodiquen

Tel: +49 241 80 94459

Praktesch Infoen

Tréier

Bibliothéik vun der Universitéit Tréier

Si besëtzt eng Sammlung vu 637 griechesche Papyri an eng Sammlung vu japaneschen a chineseschen Holzgravuren.

Tel: 0651/201-2406

Praktesch Infoen

Mir hoffen, datt dat hei Iech gehollef huet   Wann Dir Iech fir aner Beräicher, wéi Politik oder Ingenieurswiesen interesséiert, fannt Dir hei en anere Repertoire (Link op den 2. Artikel).

Foto ënnert der Lizenz vun Creative Commons

Den Afloss vun den neie Medien op d’Rechtschreiwung vun de Jonken
An eiser Zäit gëtt ëmmer manner op der Hand geschriwwen, fir mat deenen aneren ze kommunizéieren.

Schreift Dir nach Bréiwer, fir Neiegkeeten iwwert Iech matzedeelen? Kritt Dir selwer nach Bréiwer?

Duerch déi nei Technologië gëtt d’Kommunikatioun ëmmer méi séier…An d’Rechtschreiwung, déi enk un d’handschrëftlech Kommunikatioun gebonnen ass, mécht dobäi ëmmer méi Suergen.

An der Rechtschreiwung ass de Niveau däitlech gefall

Laut enger net verëffentlechter Etude vun der D.E.P.P. (Direction de l’Evaluation, de la Prospective et de la Performance), war tëscht 1987 an 2007 eng Baisse vum Niveau vun der Rechtschreiwung festzestellen.

An deenen zwee Joer gouf de Schüler all Kéier dat selwecht Diktat – en Text mat ronn zéng Zeilen – virgelies. De Prozentsaz vun de Schüler, déi méi wéi fofzéng Feeler (Rechtschreif- oder Sazzeechefeeler) gemaach hunn, louch 1987 bei 26 %. 2007 waren et 46 %.

Sou hunn zum Beispill 87 % vun de Schüler dat franséischt Verb „tombait“ am Saz „Le soir tombait“ richteg konjugéiert, 2007 waren et nëmmen nach 63 %.

Firwat si Schreiwen op der Hand a Rechtschreiwung sou enk matenee verbonnen?

Mir hunn effektiv eng aner Manéier fir ze schreiwen, je nodeem ob mir op Pabeier oder digital schreiwen. Am Allgemenge gesi mir méi Detailer, wa mir op engem realen an net op engem virtuelle Support schreiwen.

Stellt Iech einfach emol dei heite Fro: Wéi oft hutt Dir schonn en Text erausgedréckt, fir en ze iwwerliesen an d’Rechtschreiffeeler ze fannen?

Firwat hunn déi nei Technologien en Impakt op d’Rechtschreiwung?

Déi nei Generatioun schéngt kee Pabéierstagebuch méi ze féieren, mee sech éischter op Bloggen an an de Sozialreseaue matzedeelen, wou si och e Feedback vun deenen aneren iwwert hiert Sozialliewe kréien.

Hei spillen d’Biller an den Toun d’Haaptroll. Mir kommunizéieren haaptsächlech iwwer d’Stëmm an de Clavier an et ass méi wichteg, séier ze sinn, wéi richteg ze schreiwen. D’Schreifkonscht schéngt deemno haut nëmmen nach vun e puer Nostalgiker aus enger vergaangener Zäit praktizéiert ze ginn.

Déi nei Generatioun lieft also an enger Welt, an där d’Rechtschreiwung net méi als Prioritéit gëllt. An de Lycéeë ginn d’Schüler ëmmer méi opgefuerdert, op digital ëmzeklammen, mat interessanten Tariffer. D’Ofkierzunge ginn ëmmer méi agesat a gebraucht, fir ze kommunizéieren oder Coursë matzemaachen…

D’Rechtsschreiwung gëtt also net méi all Dag geübt, mä just nach punktuell, wéi zum Beispill den Dag virun engem Diktat oder bei der Verëffentlechung vun engem wichtegen Dokument. An dat besonnesch well d’automatesch Correcteuren, déi op Äre Smartphone kënnen erofgeluede ginn, Iech eng Hand mat upake kënnen: Conjugueur 2, Projet Voltaire, iDictée, Les timbrés de l’orthographe…

D’Rechtschreiwung an der Zukunft?

Mir wëllen awer mat enger positiver Optioun ofschléissen, nämlech datt d’Konscht, fir „korrekt“ ze schreiwen erëm modern gëtt, wéi zum Beispill grouss Brëllegesteller, Polaroid-Fotoen oder Räck mat engem ronnen Ausschnëtt…

Wee weess, vläicht gëtt d’Rechtschreiwung och erëm eng Kéier „trendy“!

Foto ënnert der Lizenz vun: Creative Commons

Quell: Le Nouvel Obs

Wéi fënnt een eng Studentenaarbecht?
Et ass Ufank Abrëll, an d’Summervakanz schéngt Iech nach wäit ewech ze sinn? An awer kënnt si mat grousse Schrëtt méi no, besonnesch wann ee sech nach op d’Sich no engem klengen Job maache muss

Wann ee säin Täschegeld opbesseren, an d’Aarbechtswelt eraschnupperen oder säi CV am Hibléck op seng spéider Beruffswënsch opbauschen wëll, ass e Vakanzenjob e MUST fir Studenten a Lycéesschüler! A well esou en Job wierklech vil bréngt an agreabel ka sinn an d’Konkurrenz och net schléift  , ass et besser, sech déi néideg Méi bei der Sich ze ginn…

Hei e puer praktesch Rotschléi an Tricke fir datt Dir DEEN Job fannt, deen Äre Summer méi schéi mécht…an Ärem Portmonni gutt deet.

De beschten Zäitpunkt fir seng Sich festleeën

Idealerweis sollt Dir esou fréi wéi méiglech mat der Sich ufänken, well d’Offer do nach am gréissten ass; esou kann een sech och genuch Zäit huele fir seng Sich virzebereeden, a genee déi brauch een och: eng Lëscht mat sengen Interesse opstellen, d’Annoncen duerchwullen, säi CV a säi Motivatiounsbréif fir all d’Betriber, déi Dir ausgewielt hutt, verfaassen, … et gëtt genuch ze dinn an et ass vill Engagement gefrot, wann Dir net kuerz virum Summer mat eidlen Hänn wëllt do stoen.

Wann all dës Etappen ofgeschloss sinn, musst Dir d’Entreprisë relancéieren, an de beschten Zäitpunkt dofir ass tëscht Enn Abrëll an Ufank Mee, Dir leit also nach gutt an der Zäit

Verschidde Betriber huelen hir Decisioune méi spéit, eng gutt Noriicht fir déi, déi spéit u sinn

Wou fënnt een Annoncen?

Den éischte Reflex ass deen, fir sech op den Internet ze stierzen, well een do op ville Sitten un déi richteg Informatioune kënnt, a verschiddener befaasse sech souguer ausschliisslech mat Vakanzenjobs: optioncarriere.lu, jobs.youth.lu oder jobdete.com.

Vill Rotschléi an Informatioune fir déi, déi an de Vakanze schaffe wëllen, kritt een am Centre Informations Jeunes an op doit4you.lu, wou all Joer Jobofferen zu Lëtzebuerg an am Ausland vermëttelt ginn. Aner Sitten, déi sech mat Aarbechtsplaze befaassen (jobs.lu; jobs.paperjam.lu; luckyjob.lu; monster.lu …) bidden hirersäits heiansdo temporär Offere fir Studenten un, kuckt Iech déi regelméisseg un, vläicht fannt Dir jo hei Ären Dramstudentenjob

Verschidde Betriber verëffentlechen och hir eegen Offeren, kuckt Iech also roueg d’Sitte vun den Entreprisen un, déi iech interesséieren an zéckt net, hinnen eng spontan Kandidatur ze schécken!

Nieft dem Internet fannt Dir och Annoncen iwwer méi „traditionell“ Methodë wéi z.B. déi lokal Zeitungen (Lëtzebuerger Wort, Tageblatt oder L’Essentiel).

Wéi gesäit eng gutt Demande aus?

Dir mengt vläicht, et wier méi einfach sech fir e Vakanzenjob ze bewerben, wéi fir e Stage oder eng Aarbechtsplaz, … dat ass awer net onbedéngt wouer. D’Konkurrenz ass haart, a wann Dir Iech schlecht uleet, riskéiert Dir, entweder näischt ze fannen oder d’Vakanz mat engem Job ze verbréngen, deen Iech kee Spaass mécht.

E Vakanzenjob kann e Pluspunkt an Ärem CV sinn, a wann d’Erfahrung souwuel fir Iech wéi och fir Ären Employeur positiv war, kënnt Dir d’nächst Joer vläicht erëm op déi selwecht Plaz schaffe goen, an dat ass jo och e grousse Virdeel

Hei also e puer praktesch Rotschléi:

• Maat d’Aen an d’Ouere grouss op („bouche à oreille“, awer och kleng Annoncen an de Geschäfter, an den Zeitungen an um Internet,…)

• Gitt Iech perséinlech mat Ärem CV an Ärem Motivatiounsbréif virstellen, besonnesch bei klenge Strukturen

• Soignéiert Äre CV an Äre Motivatiounsbréif: Schreiffeeler, Wierder, déi feelen, Ännerunge vum Numm vum Destinataire oder onpassend Angabe kënne fatal fir Är Sich sinn…

Et gi spezialiséiert Sitten mat villen nëtzleche Rotschléi, wéi ee säi Motivatiounsbréif a säi CV opsetze soll a seng Visite optimal virbereede kann! Wieder Informatiounen fannt dir och an dësem Artikel.

D’Secteuren, an deene saisonal rekrutéiert gëtt, sinn haaptsächlech d’Restauratioun, d’Servicer fir Persounen (Hëllef fir Persounen, Versuerge vu Kanner, Nohëllef), d’Animatioun (Kolonien, Sport, Hôtellerie), d’Administratioun, d’Landwirtschaft an den Telemarketing. Jee nodeem, wat Iech am meeschten interesséiert, sollt Dir also un éischter Stell un dës Pisten denken.

Wéi vill verdénge Studenten?

Theoretesch gëtt et kee Plafong, d’Pai orientéiert sech awer meeschtens um gesetzleche Mindestloun. Dee läit bei 6 bis 9 Euro d’Stonn an hänkt vun Ärem Alter an haaptsächlech vum gudde Wëlle vun Ärem Employeur of.

D’Inspection du Travail et des Mines aktualiséiert regelméisseg d’Paitabell. Kuckt Iech dës un, soubal Dir en neien Job kritt, well d’Tariffer ginn zweemol am Joer ajustéiert.

Denkt drun, datt et kee schlechte Job gëtt, all Erfahrung ass wäertvoll. Sidd positiv agestallt a motivéiert, dann hutt Dir am meeschten dovun. Wourop waart Dir nach fir Äre CV opzesetzen? Vill Glëck!   !

LinkedIn Careers: Dëse Modul erkläert, firwat Reseaue sou wichteg sinn
Dir wëllt Ärer Carrière en neit Gesiicht ginn? Dann ass LinkedIn Careers dat ideaalt Instrument, mat deem Dir an e puer Minutten dat fannt, wat Iech gefält.  An dëst Instrument hëlleft Iech och reell ze verstoen, firwat et esou wichteg ass, sech e Reseau opzebauen, wann een op der Sich no enger neier Aarbecht ass  .

LinkedIn Careers, an e puer Wierder erkläert…

Am Februar ass e ganzt rezent Instrument der Ëffentlechkeet virgestallt ginn. Et handelt sech dobäi ëm e Modul, dat vu LinkedIn, deem bekannteste soziale Reseau aus der Beruffswelt, proposéiert gëtt.

Et ass un éischter Stell eng Sichmaschinn, mat där Dir iwwer Schlësselwierder Plaze fanne kënnt (kenne mer dach, wäert Dir soen  ), mä dat Interessantst dorunner ass, datt Dir ënnert de Resultater automatesch Job-Offere fannt, déi Ärem Profil entspriechen, an Annoncë vun Entreprisen aus Ärem Reseau.

Wéi funktionéiert dat?

LinkedIn Careers ass direkt iwwer accessibel.

Et muss een dofir e Kont op LinkedIn hunn, fir dovu profitéieren ze kënnen.

Fir d’Saach ze vereinfachen, erkläre mir Iech Schrëtt fir Schrëtt mat Biller, wéi dat geet:

1/ Mellt iech fir d’éischt emol op LinkedIn un (wann dat net schonn de Fall ass!)

2/ Fëllt Äre Profil aus an alimentéiert Äre Kont, andeems Dir Persounen an Äre professionelle Reseau dobäisetzt.

3/ Gitt op de Menü a klickt op „Careers“ oder “Carrières”, demno op wéieng Sprooch dir LinkedIn agestallt hutt

4/ Hei hutt Dir fir d’éischt emol Zougang zu der Sichmaschinn

5/ Drënner fannt Dir dann déi Job-Offeren, déi am beschte bei Äre Profil passen

6/ Ënnen op der Säit fannt Dir dat Interessantst  . Do gi nämlech d‘Entreprisë vun de Persounen aus Ärem Reseau an hir aktuell Job-Offeren ugewisen.

Voilà! Dat war dach einfach, oder?

Fir ze resuméieren: LinkedIn Careers ass dat Instrument, dat Iech et erlaabt, eng Plaz an engem Secteur ze fannen, deen Iech interesséiere kéint, an dat souwuel wéinst der Atmospär, déi an Ärem Reseau gelueft gëtt, wéi och wéinst de proposéierte Missiounen.

Domat sidd Dir endlech deen Éischten, deen an e puer Sekonne gewuer gëtt, wéi eng Entreprisen an Ärem Secteur rekrutéieren.

Vun elo u bestëmmt Dir Är Zukunft mat e puer Klicken…

Quell: Fredzone

LinkedIn

Foto ënner Lizenz vu Creative Commons – Paternité